fr | lb | de | it | pt | en |
Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft
Ze kréien am Centre Jean XXIII an iwwer Online-Bicherei
Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft. Dat éischt ass „froen“: keen huet d’Rezept, fir d’Zukunft ze garantéieren; zesumme kënne mer d’Froe besser stellen a kreativ Äntwerten entwéckelen.
37 Texter inspiréiere sech un der chrëschtlecher Traditioun a lueden zum eegene Weiderdenken an.
Dësen drëtte Band mat Texter, déi de Glawen an d’Gespréich brénge wëllen, beschäftegt sech mat Fester an Uläss iwwert d’Joer, mat der Sich nom Sënn vum Liewen a mat der Fro no “eise Wäerter”; e versicht, Inhalter aus dem chrëschtleche Glawen opzegräifen an nei an d’Gespréich ze bréngen; di Texter weisen esou éischter Perspektiven op ewéi datt se d’Glawensinhalter am Detail ausleeën. Méi wéi eng Kéier kënnt d’Fro no der Relioun “als Privatsaach” erëm: dat hänkt och mat der Zäit zesummen, an där dës Texter entstane sinn, bleift awer aktuell. Den Titel “Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft” weist op dës verschidden Dimensiounen hin; dat éischt Wuert bleift awer “Froen”: keen huet d’Rezept, fir d’Zukunft ze garantéieren, zesumme kënne mer d’Froen besser stellen a kreativ Äntwerten entwéckelen.
Bibliographesch Angaben
- Jean Ehret, Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft. De Glawen an d’Gespréich bréngen, Norderstedt, Books on Demand, 2017, Band 3, 196 S., ISBN 978-3-7460-1640-5, 9,99 €, d’Buch kann am BoD-Buchshop online bestallt ginn; et ass och am Centre Jean XXIII an an der Librairie Alinéa ze kréien; Infos: publications lsrs.lu.
Liest och: „Jamais deux sans trois.“ – Rezensioun vum P. Jean-Jacques Flammang SCJ


Och den 1. an 2. Band sinn nach ze kréien
De Glawen an d’Gespréich bréngen
Aktualitéit an Traditioun
BoD, 2011.
Relioun, Kultur a Gesellschaft
De Glawen an d’Gespréich bréngen
BoD, 2012.